2026 DEKRA Biwer 11 Abrëll
Oldtimer Saisoncheck an Zesummenaarbecht mat der DEKRA, den 11 März zu Biewer.
Virun der Saison mat deene gemeinsamen Ausfaarte mecht et Sënn d’Autoen nom Wanterschlof kontrolléieren ze loossen.
Hei gëtt den Club senge Memberen d´Méiglechkeet hier Autoen checken ze loossen éier dann di nei Saison an Ugrëff geholl gëtt. Eng ganz wichteg Saach esou wie mer schéngt. Natierlech kenn de Club sech net engagéieren fir den Zoustand vun den Autoe mee e mecht awer seng Memberen drop opmierksam dass den Zoustand an d´Secherhét am Stroosseverkéier ganz wichteg sinn, en plus kenn jiddereen säin Auto bei dessem Event kontrolléieren loossen.
Hei ginn déi jeeweileg Ween zesumme mat de Besëtzer an enger lockerer Atmosphäre vun engem technesch ganz kompetenten Team ënner d’Luppe geholl.
Et huet een hei dann och emol d´Méiglechkeet säin Auto ganz bequeem emol eng Keier vun Ennen ze gesinn.
Fotoen : Guy MÜLLER & Emmanuel GEORGES
