2026 Trëppeltour 24 Januar
Den Trëppeltour, ass et kenn ee scho bal soen traditionell den Optakt vun der neier Saison. Eis Oldtimer sinn dann natierlech nach gutt geschützt an hirem Wanterquarteier a mussen nach e bëssen ob hiren Auslaf waarden.
Dëst Joer hu mer eis getraff fir en Tour ronderëm den Iechternacher See ze maachen. Bei dréiwem niwwelegen Wieder wor alles nach e bëssen am Wanterschlof esou wie eis al Maschinne, mee et wor flott sech erëm ze gesinn gemittlech spadséieren ze goen an e bëssen ze braddelen a Gedanken aus ze tauschen.
Anschliessend wor rdv am Restaurant Lakeside wou dëst eicht Treffen am Joer dann och säin Ofschloss fonnt huet.
Zum Schluss nach grousse Merci un de Marc Thill den dëst Evenement organiséiert hat.
Fotos: Guy MÜLLER & Emmanuel GEORGES
