2024 Zesummen Ennerwee organiséiert vum Rotary Club, an der Hall Irbicht zu Biereng den 29 September
Et wor e volle Succès eis Memberen déi sech ugemellt haten woren mat hire greisten Autoe komm fir méiglechst vill Leit kenne mat ze huelen, dofir hei emol e ganz grousse Merci un alleguer déi déi derbei woren.
Um 12 :30 wor rdv um Parking vum Topaze fir da geschlosse kennen dohin ze fueren. No an no hunn eis Autoen sech gefëllt fir da schlussendlech ob den Tour ze goe gemäss engem Roadbook vum Rotary Club.
Zweschenstopp wor zu Jonglënster, fir eng kleng Stäerkung zou sech ze huelen, dono ass et erëm Richtung Hall Irbicht gaange wou déi verschidde Ween sech no an no anfond hunn.
Et wor wierklech eng lass natierlech zu Gonschte vun deene Leit em déi et gaangen ass. D’Lisa Mariotto huet gesanglech an immens sympathesch duerch de Metten gefouert.
Et ass zesumme gedanzt a gesonge ginn an dunn huet och den Tom sech et net huele gelooss fir e pour Lidder un ze stemmen natierlech no Owsproch mam Lisa Mariotto.
Et kenn en nëmme soen e gelongene Metten an all Respekt fir d’Organisateuren déi dat ganzt ob d’Bee gesat hunn.
Fotos: Emmanuel Georges